arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Spuenesche Premier bewonnert d'Zivilgesellschaft - D'Organisateure si rosen

Pro-Palästina Manifestanten

|
headphones

1 min

Spuenesche Premier bewonnert d'Zivilgesellschaft - D'Organisateure si rosen

Den Tour duerch Spuenien am Cyclissem war gëschter um Sonndeg net regulär op en Enn komm, well pro-palästinensesch Manifestanten d’Course gestéiert haten. D’Organisatioun vum Tour an déi spuenesch Regierung si sech an der Bewäertung dovun elo oneens.

headphones

1 min

D'Manifestanten hunn eng Arrivée zu Madrid onméiglech gemaach. | © EPA/Rodrigo Jimenez
D'Manifestanten hunn eng Arrivée zu Madrid onméiglech gemaach. (Foto: EPA/Rodrigo Jimenez)

Iwwerdeems d’Demonstratioune fir d’Organisatioun inakzeptabel waren, sot de Premier Pedro Sánchez, hie géif déi spuenesch Zivilgesellschaft, "déif bewonneren". Soulaang d’Barbarei weidergoe géif, sollt Israel och net un internationale Competitiounen deelhuele kënnen, esou de spuenesche Regierungschef.

Déi israeelesch Ekipp Israel - Premier Tech gouf virun allem vun den Demonstrante viséiert.

Coureure gréisstendeels enger Meenung

D'Cycliste selwer hu wärend der Vuelta dacks betount, datt d'Meenungsfräiheet an d'Recht op Demonstratiounen eppes Guddes wieren. Mee esoubal d'Sécherheet a Gesondheet vun de Coureuren op d'Spill gesat géif ginn, wier eng Limitt erreecht.

Nieft sëllege Kierzungen an Arrivéeën, déi no vir verluecht goufen, gouf nieft der leschter Etapp och eng Etapp mat Arrivée zu Bilbao ofgebrach. Demonstrante sinn och op d'Stroosse gelaf an hu Chutten am Peloton ausgeléist.

Improviséierte Podium op engem Parking

Och eng Podiumszeremonie gouf et net. D'Coureuren hu kuerzer Hand selwer eng improviséiert Zeremonie op engem Parking gehal, wéi een op de soziale Reseaue gesi konnt.