Vun “Deeg vun der Ongewëssheet a Spuenien” schreift déi spuenesch Zeitung “El País”. Dat am Kontext vun de Récktrëttsgedanke vum Premier. Rieds geet do och vun engem “vergëften ëffentleche Klima a Spuenien”.
Korruptiounsvirwërf géint d'Fra vum Premier
D’Organisatioun “Manos Limpias” (Propper Hänn) huet bei engem Geriicht zu Madrid eng Plainte géint dem Pedro Sánchez seng Fra gemaach, wéinst ënner anerem Korruptioun. De private Grupp - dee sech fir rietsgeriichten Uleies asetzt - geheit hir vir, hir Positioun genotzt ze hu fir Geschäfter ze maachen. D’Fra vum spuenesche Regierungschef ass Marketingspezialistin, a si huet ënner anerem fir Banke geschafft.
Ass alles jsut eng Show?
Hie misst nodenken a sech d’Fro beäntwerten, ob et sech lount, weider un der Spëtzt vun der Regierung ze stoen, oder ob hie soll zerécktrieden, esou de spuenesche Premier gëschter Owend a sengem “Bréif un d’Ëffentlechkeet”.
Déi konservativ Vollekspartei huet kritiséiert, datt de Sánchez eng Show géif ofzéien: Hie wéilt ëm all Präis un der Muecht bleiwen.
De Pedro Sánchez ass zënter 2018 Regierungschef.
Carta a la ciudadanía. pic.twitter.com/c2nFxTXQTK
— Pedro Sánchez (@sanchezcastejon) April 24, 2024