arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Spritpräisser dreiwen de Präisindex nees no uewen

STATEC

|
headphones

1 min

Spritpräisser dreiwen de Präisindex nees no uewen

D‘Präisser zéie rëm un: De Joresinflatiounstaux ass am November an d‘Luucht gaangen, vun 2,7 Prozent op elo 3 Prozent. Dat deelt de Statec mat.

headphones

1 min

© picture alliance / dpa | Horst Galuschka
(Foto: picture alliance / dpa | Horst Galuschka)

Virun allem d‘Spritpräisser si responsabel dofir, datt de Präisindex rëm klëmmt, nodeems en am Oktober nach liicht zeréckgaange war.

Den Heizungsmasutt ass an engem Mount ëm 8,5 Prozent geklomm. Op der Pompel sinn d‘Präisser och an d‘Luucht gaang: Den Diesel ass an engem Mount ëm 5 Prozent méi deier ginn, de Bensinn ëm 1,6 Prozent.