Radioen

On air

Moiesstudio  |  Paul Hammelmann

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Spidolsfederatioun: "virage ambulatoire" wichteg fir d'Kompensatioun vum Manktem u Better

Gesondheet

Spidolsfederatioun: "virage ambulatoire" wichteg fir d'Kompensatioun vum Manktem u Better

Fir d‘Fédération des Hôpitaux ass d‘Carte sanitaire e gutt Beispill fir d‘Transparenz déi an de Spideeler geleescht gëtt, dat seet de Philippe Turk. De President vun der FHL erkläert, datt dee sougenannte „virage ambulatoire“ wichteg fir d‘Kompensatioun vum Manktem u Better wier.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Déi sinn nämlech an de leschten 10 Joer ëm 206 Better erofgaangen, obwuel d‘Bevëlkerung ëm 22 Prozent geklommen ass. Am Moment huet Lëtzebuerg eng Kapazitéit vun 2640 Spidolsbetter. De Philippe Turk, seet, datt ee sech dem Manktem bewosst ass. D‘Reduktioun hätt net just domat ze dinn, datt Better zougemaach ginn, mee virun allem, well d‘Populatioun sou séier wiisst.

"Mir hunn dat awer kompenséiert mat deem berüümte Virage ambulatoire. Wann Dir d'Zuele kuckt vun den Aktivitéiten, déi haut an engem Dag gemaach ginn, ouni eng Nuecht an engem Bett ze verbréngen, da mierkt Dir, datt d'Hallschent vun de Sejouren an de Spideeler haut zu Daachs extrahospitalier Sejoure sinn.“

Et géifen awer weider Periode ginn, an deenen d’Spideeler un hier Limitte géife kommen, dowéinst géif d’FHL sech iwwer d’Perspektiv freeën, datt am Spidolsgesetz eng Augmentatioun vu 5 Prozent fir déi nächst Jore virgesinn ass.