D'Relatiounen tëschent den USA an Israel géifen doduerch awer net beaflosst ginn, esou de Rubio weider. Hie wéilt mat Israel driwwer diskutéieren, wéi et elo soll weidergoen an de Beméiunge fir en Enn vum Gazakrich.
Den Donald Trump wéilt, datt de Krich eriwwer ass, an datt d'Geiselen all fräikommen. Hie wéilt och, datt déi islamistesch Hamas geschloe gëtt.
D'Hamas kéint net weider bestoe bleiwen, wa Fridden an der Regioun d‘Zil wier, esou de Marco Rubio, ier hien an de Fliger fir Jerusalem geklomm ass.
Arabesch Liga wëllt gemeinsam Positioun fannen
Am Katar ass haut a muer e Spzeial-Sommet, deen aberuff gi war, no der israeelescher Attack zu Doha. Ronn 60 arabesch an islamesch Staate vun der Arabescher Liga an der Organisatioun fir Islamesch Zesummenaarbecht sollen dorun deelhuelen.
Haut um Sonndeg sollen d'Ausseministeren zesummekommen, ier da muer d'Staats- a Regierungscheffen zesummekommen. Dobäi soll et drëms goen, eng gemeinsam Positioun géinteniwwer Israel ze fannen, no der Attack am Katar.