arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Spekulatiounen ëm Horeca-Geschäft vu Boissons Heintz

National

|
headphones

1 min

Spekulatiounen ëm Horeca-Geschäft vu Boissons Heintz

De belsche Gedrénkshändler Brasserie Maziers géif d‘Horeca-Geschäft vu Boissons Heintz hei am Land iwwerhuelen. Dat mellt d‘Lëtzebuerger Wort.

headphones

1 min

De Grond fir dës Iwwernam wier, datt d‘Brasserie Nationale, déi Boissons Heintz iwwerholl huet, sech vun deem Deel misst trenne fir Konkurrenz-Bedenke vun der EU-Kommissioun aus dem Wee ze raumen. 

D‘Decisioun, fir de Kaf vu Boissons Heintz duerch d'Brasserie Maziers wier de Mataarbechter schonn am Dezember d‘lescht Joer annoncéiert ginn, esou d‘Wort.

Traditionelle Gedrénkshändler

De Kafpräis wier zwar net bekannt, ma et schéngt wéi wann d'Brasserie Nationale eng schlecht Affär gemaach hätt. De Kafpräis vu Boissons Heintz soll nämlech däitlech méi héich gewiescht si wéi de Verkafspräis un de belsche Gedrénkshändler, esou nach d’Wort.

Brasserie Maziers wier een traditionelle Gedrénkshändler aus der Belsch, dee Gedrénks u Professioneller an u Privatleit liwwert, esou nach d‘Wort.