Spektakuläre Bankiwwerfall zu Gelsenkirchen - Police sicht no Täter
Mat engem Spezialbuerer gouf an den Tresorraum vun enger Sparkasse-Bank zu Gelsenkirchen agebrach. An der Nuecht op e Méindeg hunn d'Abriecher iwwer 3.000 Coffre-forten opgebrach a Suen, Gold a Bijouen am Wäert vun 30 Milliounen Euro geklaut.
De KTU virun der Bank zu Gelsenkirchen nom Abroch (Foto: picture alliance/dpa | Christoph Reichwein)
D‘Police geet dervun aus, datt d‘Déif sech duerno mat engem schwaarzen Auto duerch d‘Bascht gemaach hunn. Op Videobiller aus engem Parking gesäit een e schwaarzen Auto mat véier Persounen, déi Masken unhunn.
D‘Bank ass um Dënschdeg zoubliwwen. Virun der Bank hate sech eng 200 besuergte Clientë versammelt. Si hu probéiert an d‘Bank eranzekommen, d‘Police huet agegraff.