arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Späicherkapazitéiten am Stroumnetz sollen ausgebaut ginn 

Chamber

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Späicherkapazitéiten am Stroumnetz sollen ausgebaut ginn 

D’Regierung (CSV-DP) wëllt an Zukunft d‘Späicherkapazitéiten am Stroumnetz däitlech ausbauen, dat ënner anerem iwwer de Wee vu Batterien. An der Chamber gouf dozou um Dënschdegmoien déi national Späicherstrategie virgestallt.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Déi Späicherstrategie leet virun allem fest wéi Batterien an dat aktuellt Stroumnetz kënnen agebaut ginn a wéi se fir Industrie a Bierger:innen interessant kënne gemaach ginn.

Dozou gehéieren zum Beispill och Primme fir nogebaute Batterië fir Photovoltaikanlagen. Detailer gi réischt muer um Mëttwoch virun der Press virgestallt, nodeems d’Deputéiert de Moien en Abléck an déi nei Strategie kruten. Et wéilt een an där Strategie e Kader setzen, sot de Wirtschaftsminister Lex Delles (DP) de Moien no der Entrevue mat den Deputéiert. Et wéilt ee esouwuel individuell Batterien ewéi och Batterië fir e ganze Quartier. 

“Mir kucke wéi Batterien nëtzlech kënne sinn.” 

De Stroumreseau entlaaschten

Mat Batterië kéint ee Stroumspëtzten aus dem Reseau eraushuelen. 

Batterië sollen dem Lëtzebuerger Stroumreseau also hëllefen, datt en net esou séier weider misst ausgebaut ginn. Et wéilt een déi erneierbar Energien zu Lëtzebuerg weiderhi bis 2030 op 37 Prozent bréngen, esou wéi et am nationale Klimaplang PNEC steet, esou nach de Lex Delles. 

Am Hierscht soll e Grupp de Suivi eng éischte Kéier zesumme kommen, fir un der Ëmsetzung vun der Batterie-Strategie ze schaffen.

play_arrow Lauschteren