arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Space X Rakéit mat zwou Astronautinnen, engem Astronaut an engem Kosmonaut gestart

Weltall

|
headphones

1 min

Space X Rakéit mat zwou Astronautinnen, engem Astronaut an engem Kosmonaut gestart

Eng Space X Rakéit huet véier Astronauten op d‘Raumstatioun ISS bruecht, d‘Rakéit ass ouni Problemer vun Cape Canaveral aus gestart.

headphones

1 min

© EPA/CRISTOBAL HERRERA-ULASHKEVICH
(Foto: EPA/CRISTOBAL HERRERA-ULASHKEVICH)

U Bord si jeeweils eng US-amerikanesch Astronautin an een US-amerikaneschen Astronaut, grad wéi eng franséisch Astronautin an ee russesche Kosmonaut.

De Weltraum ass ee vun de leschte Beräicher, an deem d'USA a Russland no der russescher Invasioun an der Ukrain nach zesummeschaffen. 

D‘Crew 12 ersetzt den Equipage. dee wéinst gesondheetleche Problemer vun engem Astronaut huet misse fréizäiteg zeréck op d‘Äerd.