Beim Grupp Inditex, zu deem Zara, Bershka oder och Massimo Duttigehéieren, schaffen 300 Salariéen zu Lëtzebuerg. An gemeinsame Communiqué reprochéiert OGBL an LCGB der Direktioun vun Inditex, sech net un hir Engagementer ze halen. D‘Salariée géifen intimidéiert ginn, d‘Kommunikatioun am Grupp wier schlecht an d‘Personaldelegatioun an de Sozialdialog géif mat Féiss getrëppelt ginn.
D‘Protestaktiounass awer net nëmmen hei am Land, mee europawäit, an der Belsch,Däitschland, Frankräich, Italien, Portugal an a Spuenien.