Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Southport: Weider Eskalatioun bei Protester no Messerattack

Falsch Informatiounen op Soziale Reseauen

Southport: Weider Eskalatioun bei Protester no Messerattack

No der déidlecher Messerattack zu Southport Ufank der Woch, sinn a Groussbritannien op en Neits Protester eskaléiert. An der Stad Sunderland goufe Polizist:innen, déi eng Moschee geséchert hunn, mat Steng a Béierdousen attackéiert.

auto_stories

1 min

Southport | © Richard Gaisford/X

Eng Manifestatioun, déi e bekannte Rietsradikalen organiséiert huet. Et ass d‘Reaktioun eng Messerattack vun e Méindeg, bei där dräi Meedercher erstach goufen, a weider Kanner an och Erwuessener deelweis schwéier blesséiert goufen.

A soziale Medie lafe Rumeuren, den Täter wier e muslimeschen Demandeur d‘asyl. D‘Police ënnersträicht, datt de 17-järege Verdächtegen a Groussbritannie gebuer gouf.