Deemno géif d'CSV véier Sëtz verléieren an hätt der dann nach 17. D'DP géif onverännert bei 14 Sëtz bleiwen. Déi schwaarz-blo Regierung hätt domat nëmmen nach eng knapp Majoritéit vun 31 Sëtz.
Ee vun de Gewënner wier d'ADR - si géif zwee Sëtz bäi gewannen an op 7 Sëtz kommen. Och d'LSAP géif 2 Sëtz bäikréien, op am Ganze 15. déi gréng géifen ee Sëtz gewannen a kéime mat 5 Sëtz nees op Fraktiounsstäerkt. déi Lénk géifen onverännert bei 2 Sëtz bleiwen. D'Piraten géifen ee Sëtz verléieren a vun 3 op 2 falen.
De Resultater vum Sondage no wier och eng Gambia-Regierung vu blo-rout-gréng méiglech, dat esouguer mat enger liicht méi grousser Majoritéit wéi déi aktuell Regierung.