Nom Attentat op de slowakesche Premierminister Robert Fico, huet d‘Presidentin fir en Dënschdeg d‘Parteie fir Gespréicher aberuff. Si wéilt déi politesch Tensiounen ofbauen. Bei där Renconter wëllen d‘Staatscheffin an hire scho gewielte Successeur, Peter Pellegrini, deen de 15. Juni säin Amt untrëtt, geschlossen optrieden.
De Robert Fico war virun zwee Deeg vun engem 71 Joer ale Mann ugeschoss a liewensgeféierlech blesséiert ginn.