Den Arthur Clees spillt Vibraphon, Batterie, séngt a schreift. Als Member vun der Band Jambal kenne Leit, déi sech fir den Jazz-Crossover-Beräich interesséieren, hie villäicht schonns méi laang.
De jonke Lëtzebuerger, deen zu Dresden Kompositioun am Jazz-a Pop-Beräich studéiert, spillt ënnert anerem an der Band Jambal, zesumme mam Trompettist Ben Bley, dem Bassist Maxime Igisch an dem Drummer Luca Garofalo, fir nëmmen dësen Ensembel ze nennen – do ginn et der nach zwee Weiderer.
Déi introspektiv Säit vum Kënschtler
Do wou Jambal d’Zesummekomme vun Hiphop an Jazz-Ethos zelebréiert, kënnt den Arthur Clees elo mat enger Solo-Plack an d’Scheinwerfer, déi e bëssen u rezent brittesch Musek erënnert, un den James Blake besonnesch. Am Verglach héiert een hei eng méi introspektiv Säit vum Kënschtler, déi sech mat de Mëttele vun der elektronescher Avantgarde an der Ënnergrond-Danzmusek ausdréckt.
“Et si Skizzen, Soundkulissen a Collagen, déi ech och vill an der Pandemiezäit gesammelt hunn, an déi ech konkretiséieren an zu Enn brénge wollt.”, esou de jonke Vibraphonist um Mikro vum Marc Clement.
Zwou Ursaachen a Geleeënheeten also, de Vibraphonist, Batteur, Sänger a Komponist Arthur Clees kennen ze léieren. Déi nei Soloplack mam Titel “Stay, Temporary Home”, ass op deene gängege Plattformen digital ze kréien ass.