Radioen

On air

Notturno  |  Cornelius - Change And Vanish

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Situatioun wier "gerabel"

Enkpäss bei Medikamenter

Situatioun wier "gerabel"

Dem Apdiktesch-Syndikat no gëtt et och zu Lëtzebuerg Enkpäss bei verschiddene Medikamenter, mee d’Situatioun wier "gerabel", esou de President vum Apdiktesch-Verband, den Alain de Bourcy op Nofro hin. An Däitschland geet Rieds vu 500 Medikamenter, déi den Ament net ze kréie sinn.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Den Alain de Bourcy seet, d’Situatioun zu Lëtzebuerg wier manner schlëmm wéi nach zu Covid-Zäiten. Patiente sollte sech aktuell och keng Suerge maachen, am Fall vun enger Penurie géif dacks eng Alternativ fonnt ginn, berouegt den Alain de Bourcy.

Wat awer effektiv feele géif wiere verschidden Antibiotiken. Sou wéi dat och schonn d’lescht Joer de Fall war, verschidde Kannersirop’en.

Et stéing een och a Kontakt mat der europäescher Apdikteschvereenegung, fir op europäeschem Niveau no Léisungen ze sichen, sou nach den Alain de Bourcy.