arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Situatioun wéinst Onwiedere riskéiert sech ze verschlëmmeren, neie Stuerm ënnerwee

Frankräich

|
headphones

1 min

Situatioun wéinst Onwiedere riskéiert sech ze verschlëmmeren, neie Stuerm ënnerwee

Bei den Iwwerschwemmungen a Frankräich gëtt et keng Berouegung. D‘Situatioun riskéiert souguer sech weider ze verschlëmmeren wéinst dem Stuerm Pedro, deen haut an de betraffene Regioune erwaart gëtt.

headphones

1 min

© EPA/GUILLAUME PINON
(Foto: EPA/GUILLAUME PINON)

Zu Bordeaux gëtt e Mann vermësst. De Buergermeeschter huet de kommunale Rettungsplang fir d‘Stad aktivitéiert – eng Première zënter 1999.

Véier Departementer am Weste vu Frankräich bleiwen an der héchster Alarmstuf rout. A 14 aneren Departementer gëllt en orange Alerte.

De franséische Wierderdengscht Météo France hat gëschter um Mëttwoch confirméiert, datt mat 35 Deeg Reen hannereneen een neie Rekord zënter dem Ufank vun den Opzeechnungen am Joer 1959 ereecht gouf.