De Serge Legil, Direkter vun der Prisongsverwaltung, ass sech der Situatioun vun de Fraen am Prisong bewosst, wéi hien am 100,7-Interview erkläert.
Frae mat de Männer mixen: Net ëmmer méiglech
De Rapport vun der Ombudsman bemängelt ënner anerem méi schlecht Haftkonditioune bei de Frae wéi bei de Männer. Am Fraeblock ginn et beispillsweis keng Eenzelzellen. D’Kichen, d’Duschen an d'Sportshal wieren och manner gutt ekipéiert wéi déi bei de Männer.
Deem widdersprécht de Serge Legil am 100,7-Interview net. Hie betount awer, datt an de leschte Jore scho “vill geschitt” wier. Ënner anerem wier den Turnsall vun de Fraen nei ekipéiert ginn, Fräiloft-Sportgeräter wiere bäikomm, an d’Gemeinschaftskiche wier ganz nei gemaach ginn.
Doriwwer eraus probéiert een, de Frae méi dacks d’Méiglechkeet ze ginn, bei Aktivitéiten deelzehuelen, wéi zum Beispill dem Suchthëllefprogramm. Allgemeng géing een am Prisong op de Wee goen, Frae méi dacks bei de Männer ze integréieren. Allerdéngs steet d’Sécherheet un éischter Plaz.
“Net all Fra eegent sech fir mat Männer ze schaffen, an net all Mann eegent sech fir mat Fraen ze schaffen.”
De Problem vun der Infrastruktur
D’Originn vum Problem ass awer gréisstendeels d’Infrastruktur an déi geréng Zuel vu weiblechen Detenuen. Vu ronn 700 Detenue sinn der just 33 weiblech. De Serge Legil erkläert, datt et am Prisong Bléck vun 120 Unitéite ginn, an de Fraeblock huet aktuell 40 Unitéiten. Dotëscht gëtt et kee Block.
“De grousse Block ass ze grouss, de klenge Block ass ze kleng. Eppes Neies baue kënne mir net.”
D’Reconstructioun vum Centre pénitentiaire de Luxembourg (CPL) kéint mëttel- bis laangfristeg Léisunge bréngen, woubäi een och net vergiessen dierf, datt Ëmbauaarbechte bei lafendem Betrib extrem komplizéiert sinn.
Déi optimal Situatioun wier dem Serge Legil no, datt all Fra an enger eenzelner Zell kéint sinn. Stand haut ass dat net méiglech. Et géing nach en eidelen Trackt gi mat 18 Better, dee wier awer op der anerer Säit vum Prisong.
“Dann hu mir nees de Problem vun der Separatioun. Et ass eng verzwéckte Geschicht.”
Prisongsverwaltung kritt Urteeler matgedeelt
Rezent huet d’Chamber e Gesetz gestëmmt, dat d’Prisongsreform vun 2018 an eenzelne Punkten adaptéiert. Ënner anerem kritt d’Prisongsverwaltung vun elo u matgedeelt, firwat eng Persoun an de Prisong kënnt.
De Serge Legil erkläert, datt een dat virdrun och schonn ongeféier gewosst hätt. Elo wier et awer esou, datt een d’Urteel matgedeelt kritt. Dat net aus Virwëlz, mee fir d’Aarbecht vun der Prisongsverwaltung ze erliichteren. Esou wéisst een nämlech besser, wat ob een duerkéim.
Den Asaz vun Detektiounshënn
Nei gereegelt ass och, ënner wéi enge Viraussetzungen de Courrier kontrolléiert dierf ginn. Dobäi geet et konkret ëm d’Sich no Drogen.
Fir de Courrier op Drogen ze kontrolléieren, komme Wuechthënn zum Asaz, esou de Serge Legil. Dës Detektiounshënn si sougenannte “passiv” Hënn, well si keen attackéieren, mee just op eppes kucken, am Fall wou si eppes fonnt hunn. Am Prisong kënnt och een Hond zum Asaz, deen USB-Sticken an Chippe riche kann.
Dës Hënn si vun der Douane ausgebilt ginn.
Wuechthënn, déi Prisonéier am Fall vun enger Fuite attackéiere géingen, ginn et zu Lëtzebuerg keng.