Radioen

On air

Notturno  |  Eddie Kendricks - Intimate Friends

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sidney Scho: E jonken Dirigent an Directeur musical

Sot emol

Sidney Scho: E jonken Dirigent an Directeur musical

De Sidney Scho, grad emol 22 Joer jonk, ass op der enger Säit nach ëmmer matten a senger Formatioun fir Uergel an Direktioun dran, op der anerer Säit steet hien awer och scho matten am aktive Museker-, oder a sengem Fall och Dirigenteliewen. De Sydney Scho ass nämlech aktuell Dirigent an Directeur Musical vum Cercle Symphonique vu Rëmeleng.

auto_stories

3 min

headphones

56 min

play_arrow

De Sidney Scho huet scho ganz fréi mat der Musek ugefaangen: Mat 6 Joer scho Gei gespillt, spéider koum dann och d’Uergel derbäi an natierlech d’Direktioun vun engem Orchester.

Musikalesch ass de Sidney Scho ganz kloer drop aus manner bekannten oder manner dacks gespillte Wierker ze revitaliséieren. An och Lëtzebuerger Komponiste leien him ganz besonnesch um Häerz.

Den André Rieu ass Schold drun

De Sidney Scho huet seng Léift zur Musek duerch de André Rieu, Geiist an Orchesterchef, entdeckt, well hien dem André Rieu schonn als Kand gären nogekuckt huet. Firwat awer grad den André Rieu? Op déi Fro äntwert de Sidney Scho ganz knapp: “Ech wees et net.”

Mee et kann awer sécher domadder ze dinn hu wéi den André Rieu säi Publikum an och seng Museker begeeschtere kann.

“Dass wonnerbar wat hie mécht, och wéi vill Leit hie begeeschtert kritt. Dat huet mech als Kand immens faszinéiert. Ech weess net, doheem, wéi vill Stonnen DVDen ech gekuckt hunn a mat der Tennisrackett geschrupst hunn. Dat war ganz flott.”

D’Musek war an der Famill awer net friem

Dem Sidney Scho seng Mamm spillt Saxophon, wat bestëmmt och dozou bäigedroen huet, datt hien an d'Direktioun Musek gaangen ass. Well wann hien als Kand e Concert, wou seng Mamm matgespillt huet, lauschteren a kucke gaangen ass, souz de Sidney Scho als klenge Bouf am Publikum an huet mat Stréihallem mat dirigéiert.

“Ech wollt onbedéngt Gei léieren”

Mat 6 Joer ass de Sidney Scho bei d’Gei komm. Hien huet zwar geduecht, et bräicht een dofir net an d’Museksschoul ze goen, et kéint een dat einfach esou doheem léieren.

“Meng Mamm huet awer do ganz kloer gesot, wann s de dat awer wëlls léieren, da musst de dat awer och mat engem léieren, deen dat och kann, deen dir dat uerdentlech bäibrénge kann.”

An der Iwwerleeung kann een dem Sidney Scho seng Mamm och absolut verstoen.

“Dach, dach mëttlerweil verstinn ech da ganz gutt. Si hat och Recht, si huet och richteg gemaach mech an der Museksschoul unzemellen. Dat war och ganz flott.”

D’Kierchenuergel huet hien tentéiert

Et ass dem Sidney Scho awer net mat der Gei an der anere sëllege Fächer am Conservatoire duergaangen, well zu engem Ament koum awer och nach d’Uergel derbäi.

“Dat war och relativ, ech wëll net soe spontan, awer ech war Massendénger no der Kommioun, wéi dat bei villen de Fall ass, an do hunn ech d’Uergel all Sonndeg héieren. Ech hunn dat immens flott fonnt.”

An doheem krut de Sidney Scho emol fir Chrëschtdag e klenge Keyboard geschenkt.

“Do sinn ech oft heem komm an do hunn ech probéiert, dat no ze spillen. An ech hunn dann esou laang ronderëm geklimpert bis ech dann eraus hat, wéi dat Lidd an der Kierch fonctionéiert huet, an iergendwann hunn ech do kënnen op der grousser Uergel zu Rëmeleng spillen, an do war d’Feier entfacht.”

Aktuell mécht de Sidney Scho säi Master an der Uergel op er Musekshéichschoul zu Saarbrécken an da gläichzäiteg eben och seng Aarbecht mam Cercle Symphonique vu Rëmeleng, wou fir nächst Joer schonn nees intressant Concerte geplangt sinn. Méi Detailer dozou op www.cercle-symphonique.com  

Lauschterenplay_arrow