Bis kuerz virum Enn vun där Deadline haten d’Republikaner an d’Demokraten iwwer esou en Iwwergangsbudget gestridden, ouni Succes. Soudatt d’USA elo nees an engem Shutdown sinn.
Eng 750.000 Beamtinnen a Beamten dierften doduerch an de Chômage partiel geroden.
Sträit ëm de Budget
Gestridde gouf virun allem iwwer d’Gesondheetspolitik. Et huet ee missen domat rechnen, datt et zu engem deelweise Stëllstand vun de Regierungsgeschäfter kéim. Och wa sech normalerweis am allerleschte Moment dach nach op en Iwwergangsbudget gëeenegt gëtt.
An der Nuecht krut eng Propos vun de Republikaner awer just 55 vun 100 Stëmmen. Et wieren der allerdéngs 60 néideg gewiescht an domat och Stëmme vun den Demokraten, dozou ass et awer net koum. Do virdru war eng Propos vun den Demokraten duerchgefall.
Wat bedeit esou e Shutdown? Abee, wa kee Budget oder Iwwergangsbudget ugeholl gëtt, huet d’Regierung keng Moyene méi fir e weidere Finanzement vun de Ministèresaktivitéiten.
Déi wichteg Beräicher schaffen ouni Pai weider
Institutiounen, déi net als systeemesch ugesi ginn, mussen zoumaachen oder hir Employée(ë)n an e forcéierte Congé schécken. Eng ganz Rëtsch Beamtinnen a Beamte kréie keng Pai méi, déi awer réckwierkend ausbezuelt gëtt. Leit aus wichtege Beräicher wéi der Arméi, den Noutdéngschter, de Grenz- oder Loftofsécherunge schaffen an engem Shutdown fir d’éischt ouni Pai weider, kréien hir Suen awer nodréiglech. Dogéint kréien d’Deputéiert an d’Senateuren hir Pai weider.
De Moment ass onkloer, wéi laang d’USA am Shutdown bleiwen. Dee bis elo längsten 2018/2019, och schonn ënnert dem Donald Trump, hat méi wéi 5 Woche gedauert.
Am Senat soll et haut schonn zu neie Votte kommen, iwwerdeems d’Parlament u sech dës Woch net méi zesummekomme sollt.
Virum Hannergrond vun där aktueller Situatioun kéint et awer dozou kommen, well am anere Fall kéinte Beamtinnen a Beamten dauerhaft entlooss ginn.