arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Shutdown an den USA trotz Kompromëss: Wéi kënnt et dozou?

USA

|
headphones

1 min

Shutdown an den USA trotz Kompromëss: Wéi kënnt et dozou?

An den USA gëtt et awer vu 6 Auer un e Shutdown. Dat heescht, datt aktuell keng Suen do sinn, fir d‘Regierungsgeschäfter. Dobäi si Republikaner an Demokraten sech am Senat iwwer de Budget eens ginn, mee d‘Representantenhaus muss och nach gréng Luucht ginn. Dat geschitt net virun e Méindeg.

headphones

1 min

USA Washington Kapitol | © Bigstock / rarrarorro
USA Washington Kapitol (Foto: Bigstock / rarrarorro)

Dobäi kënnt, datt och den US-President Donald Trump de Kompromëss ënnerschreiwe muss.

Den aktuelle Sträit iwwer de Budget baséiert op der Kritik vun der radikaler Ausweisungspolitik vun der Regierung vum Donald Trump. Eng Kritik, déi sech duerch déi d'Asätz vun der ICE-Autoritéit verstäert huet.

De leschte Shutdown war am November. Dat war dee längste bis elo an der Geschicht vun den USA. Deen hat 43 Deeg gedauert.