Dat huet och Auswierkungen op de Fluchverkéier. Gëschter Mëtteg waren 1.000 Flich annuléiert ginn. Bei 4.400 Verbindunge koum et zu Verspéidungen.
Mëtt November kéint déi Situatioun sech verschlëmmeren. Vill US-Amerikaner:inne reese fir Thanksgiving de 26. November heem bei hir Familljen.
D‘Republikaner an d‘Demokrate maache sech géigesäiteg Virwërf, d‘Populatioun aus politeschem Calcul wëlle leiden ze loossen. An Ëmfroe gesäit eng Majoritéit vun de Leit d‘Republikaner vum Donald Trump am Feeler.
Den Aktuelle Shutdown huet den 1. Oktober ugefaangen, also virun iwwer engem Mount. Grond firwat sech d'Demokraten a Republikaner net op ee Budget eens ginn, si Kierzungen am Gesondheetssystem. Dat refuséieren d'Demokraten.
Honnertdausende Mataarbechter:innen am ëffentlechen Déngscht ginn den Ament net bezuelt a schaffen och net.