Dem Donald Trump seng Regierung huet ugefaange massiv Aarbechtsplazen am ëffentlechen Déngscht ze sträichen a Leit ze kënnegen. Aktuell sinn eng 4.000 Leit betraff. Viséiert gi virun allem Programmer, déi vun den Demokraten ënnerstëtzt ginn, esou den Donald Trump an engem Ministerrot
Den Donald Trump wëllt iwwerdeems China mat 100 Prozent Douanestaxen op Importer strofen. Dat vum 1. November un. Domat reagéiert den US-President op d‘Decisioun vu China, manner Terre-raren an d‘USA ze liwweren.
Dës Terres-rarë gi gebraucht, fir all méiglech elektresch Geräter hierzestellen. Schonn am Fréijoer gouf et Sträit iwwer d‘Taxen, deen awer op Äis louch.