arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nees e Rekordmount: Meeschte Reen am September zënter den Opzeechnungen

Meteo

|
headphones

1 min

Nees e Rekordmount: Meeschte Reen am September zënter den Opzeechnungen

Am Mount September huet et esou vill gereent wéi zënter 1947 net méi, dat mellt Meteolux. Um Findel si bal 267 Liter op de Meterkaree gemooss ginn. Dat ass eng Hausse vun iwwer 300 Prozent par Rapport vun der Referenzperiod vun 1991 bis 2020.

headphones

1 min

Deemno gouf net just de Rekord fir de Mount September gebrach, mee och dee vun der meeschter Reequantitéit, déi bis elo jee um Findel gemooss gouf, esou nach Meteolux.

Reequantitéite vu méi wéi 200 Liter op de Meterkaree bannent engem Mount hätt et zënter 1947 eréischt 5 Mol ginn, heescht et.