arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Seng Pai online vergläichen

Online-Tool vun der CSL

|
headphones

2 min

Seng Pai online vergläichen

Mat engem Online-Vergläichs-Tool vun der CSL kann een elo säi Salaire hei am Land vergläichen. D'Salariatskammer huet op hirem Site ee Programm ageféiert deen ermëttelt, wéi vill Leit méi oder manner wéi ee selwer verdéngen.

headphones

2 min

© Chris Zeien
(Foto: Chris Zeien)

Dofir muss ee seng Brutto-Pai, seng Aarbechtszäit aginn an och uklicken, ob een eng Fra oder e Mann ass, an ob ee Frontalier ass. Bannent nëmmen e puer Sekonne kritt een dann ee Prozentsaz ugewisen, wou dat eegent Akommes an der Verdeelung vun de Gehälter hei am Land steet.

Aner Facteuren, wéi zum Beispill den Alter, oder ob ee beim Staat oder am Privé schafft, gi bei dësem Outil nach net berücksichtegt fir den Outil méiglechst einfach ze halen, seet den Dylan Theis vun der Chambre des Salariés.

Hie kéint sech awer virstelle weider Donnéeën anzebauen, wéi zum Beispill de Bildungsofschloss 

"(…) well natierlech weess een, wat méi komplett de Simulateur ass, wat méi performant en an deem Moment och ass. An de Problem ass awer och, dass wat méi Donnéeën een offreet, wat méi komplizéiert dat Ganzt awer och gëtt fir d'Utilisatioun."

Esou den Dylan Theis vun der Salariatskammer. Wie sech also elo selwer am Verglach wëllt erëmfannen, kann dat mat nëmmen e puer Mausklicken um Site vun der CSL maachen.

D'Donnéeën op déi den Outil vun der CSL hei zeréckgräift, fir dës Rechnung ze maachen, komme vun der Inspection generale de la sécurité sociale. Et géif drëms goe fir e Bild vum lëtzebuergeschen Aarbechtsmaart ze zeechnen an net onbedéngt fir eng gewëss Conclusioun doraus ze zéien.