Et wieren zwee Gebaier vun néng Stäck getraff ginn: Vill Mënsche wiere vun de Rettungsservicer erausgeholl ginn.
Och an der ostukrainescher Stad Kharkiv goufen et russesch Attacken, do wieren op d'mannst 30 Leit blesséiert ginn.
Selenskyj an der Tierkei – Friddensgespréicher sollen nei belieft ginn
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass um Mëttwoch an der Tierkei ukoum. Zil vun der Visitt ass et d’Gespréicher fir en Enn vum russeschen Aggressiounskrich nei ze beliewen, esou heescht et vu Kiew.
Ob och den amerikaneschen Emissäre Steve Witkoff bei deene Gespréicher dobäi ass, ass net gewosst.
Amerikanesch Medie hate gemellt, datt Washington a Moskau am Geheimen amgaange wieren, e Friddensplang fir d‘Ukrain auszeschaffen. De Kreml huet bis elo awer refuséiert, déi Noriicht ze kommentéieren.