Och den Triathlon vun de Frae soll, wéi geplangt, muer sinn. Op d'Waasserqualitéit an der Seine bis dohin den Normen entsprécht, ass net sécher. Wann net, misst den Triathlon eventuell nach emol op d'Enn vun der Woch verluecht ginn, esou d'Organisateuren.
Bei den Olympesche Spiller kënnt haut den/déi 5. vun den am Ganzen 13 Lëtzebuerger Sportler:innen an den Asaz. De Schwëmmer Ralph Daleiden-Ciuferri trëtt fir seng Serie iwwer d'100-Meter-Crawl un. Seng Course ass kuerz virun hallwer 12 de Mëtteg. Fir d'Halleffinalle qualifizéiere sech déi 16 Séierst.
D'Ni Xia Lian spillt muer
De Mëttwoch de Moie spillt Ni Xia Lian hir 16.-Finall am Dëschtennis-Simpel: Déi 61 Joer al gebierteg Chineesin kritt et vun 11 Auer un an der Ronn vun de leschten 32 mat der Chineesin Sun Yingsha ze dinn - déi aktuell Nummer 1 op der Welt.
Nächsten Optrëtt vun der Simone Biles
A vun de ville Kompetitiounen haut bei den Olympesche Spiller ass nach d'Ekippenturne bei de Fraen ze erwänen. Do gëtt et nämlech deen nächsten Optrëtt vun der amerikanescher Star-Turnerin Simone Biles. Si feiert zu Paräis e Comeback no hire Problemer viru 4 Joer zu Tokyo. D'Simone Biles ass mat bis elo 7 Olympeschen an 30 Weltmeeschterschaftsmedaillen déi erfollegechsträichst Turnerin jeemools. Si kéint haut, mat hirer Ekipp, hir éischt Goldmedail zu Paräis gewannen.