arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Seine erëm op fir ze schwammen

Paräis

|
reading time

1 min

Seine erëm op fir ze schwammen

Zu Paräis kann ee vun haut, Samschdeg, un nees an d‘Seine schwamme goen. Op dräi Plazen um Floss gëtt et gratis iwwerwaachte Schwammplazen, mat Kabinnen an Duschen. Eng dovun ass beim Eiffeltuerm.

reading time

1 min

Jonk Leit kille sech an der Seine of  | © picture alliance / NurPhoto | Jerome Gilles
Jonk Leit kille sech an der Seine of (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jerome Gilles)

Et ass déi éischte Kéier zënter 1923 datt d‘Autoritéiten d‘Schwammen an der Seine nees erlaabt hunn.

Virdru war d‘Waasser ze vill verknascht. Fir d‘olympesch Summer-Spiller zejoert awer waren 1,4 Milliarden Euro investéiert ginn, fir den Ofwaasser-System méi uewen um Floss ze verbesseren an esou d‘Waasserqualitéit ze verbesseren.

Wann d‘Waasserqualitéit sech hält an alles gutt geet mat den aktuell dräi Plaze, wou ee schwammen däerf, sollen an Zukunft weider Schwammplatzen un der Seine zu Paräis opgemaach ginn.