Et hätt een déi Moosnam wéinst de rezente Virfäll zu Beetebuerg an Hollerech, wou am Ganzen Honnerte Griewer beschiedegt goufen a Skulpturen a Kräizer geklaut goufen, elo wëllen ergräifen, seet d'Stater Buergermeeschtesch.
"Dat ass natierlech eng Reaktioun, opgrond vun deem wat geschitt ass. Déi 14 Kierfechter, déi mir hunn, déi ginn owes an deem Sënn securiséiert, datt se owes zougespaart ginn. Mee dat hei, esou eppes hate mer jo nach ni. Deementspriechend hu mer dann eeben déi Decisioun geholl, als Schäfferot."
Bei deem Projet ass een awer nach ganz am Ufank, duerch de Gemengerot ass en also nach net. Dowéinst misst een nach festleeën, wéi d’Security genee agesat gëtt, wéivill Leit een dofir brauch a wéi de Käschtepunkt dofir ausgesäit, esou nach déi Stater DP-Buergermeeschtesch.
Dat nämmlecht gëllt fir méiglech Installatioune vu Kameraen op de Kierfechter. Dem Wonsch vun der Lydie Polfer no soll d’Sécherheetspersonal fest op de Kierfechter patrulléieren an net nëmme fir eng gewësse Period.
An enger éischter Phas wéilt een awer just e puer Kierfechter an de Projet ophuelen, an dann no an no ausweiden.