arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sécherheetspolitik an Demokratieverständnis

Fräie Mikro

|
reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Sécherheetspolitik an Demokratieverständnis

Déi onstabil Weltlag, bewaffnet Konflikter a politesch radikal Changementer forcéieren déi europäesch Länner, hir Sécherheetspolitik ëmzedenken. Och Lëtzebuerg ass betraff a muss den Tempo beschleunegen. Dozou e Fräie Mikro vum Journalist an Auteur Laurent Moyse.

reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow
© radio 100,7
(Foto: radio 100,7)

Kaum ee Budgetsposte klëmmt am Moment esou séier wéi dee vun der Verdeedegung.

2 Prozent vum RNB fir d’Verteidegung

A senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premierminister Luc Frieden ugekënnegt, datt dat 2 Prozent Zil an der Lëtzebuerger Sécherheetspolitik net ewéi virgesinn 2030 mee schonn Enn dës Joers soll erreecht ginn.

A lescht Woch hunn d’Länner, déi um NATO-Sommet deelgeholl hunn, hiert Averständnis ginn, fir deemnächst d’Ausgaben op 5 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung fir Verteidegungs- a Sécherheetsfroen eropzeschrauwen.

Domat huet sech d‘Blat definitiv géintiwwer dem Enn vum kale Krich gedréint, wéi d’Ofrëschtung an de Réckgang vun de Militärausgaben den allgemengen Trend ausgemaach huet.

2019 huet et nach dem franséische President Emmanuel Macron no geheescht, d‘NATO wier an engem „Etat de mort cérébrale“. Deen Discours ass elo Vergaangenheet.

De russesche Feldzuch an der Ukrain huet dat atlantescht Militärbündnis erëm op Trabb bruecht, woubäi den US-amerikanesche Partner seng europäesch Alliéierten zimmlech ferm virun hir eege Verantwortung stellt.

Eng global Sécherheetsstrategie néideg

Fir Lëtzebuerg ass d’Erhéijung vun de Sécherheets- a Militärausgaben e richtege Challenge.

D’Arméi ass, bemooss mat aneren europäesche Länner, kleng bis onbedeitend, wann ee vun der Gréisst vun den Truppen a vun hirer territorialer Defensivcapacitéit schwätzt.

Doriwwer eraus huet si Rekrutéierungsproblemer, esou datt d’mënschlech Ressourcë fir Missiounen heiheem an am Ausland knapp bleiwen.

En obligatoresche Militärdéngscht, esou wéi dat ee Moment an der Diskussioun stoung, ass och net ganz realistesch. A mat engem méi héije Budget fir d’Verdeedegung dierft dat och net vill änneren.

Deemno mécht et méi Sënn, wann de Lëtzebuerger Staat un enger globaler Sécherheetsstrategie schafft, déi net nëmmen seng Engagementer an der NATO, mee och national Besoinen deckt, sief et an der Cybersécherheet, an der Energiepolitik oder an anere sensibele Beräicher.

Erhalt vun der Demokratie

An et mécht och Sënn, engem Land wéi der Ukrain bei senger Verdeedegung bäizestoen, well et net nëmmen ëm seng territorial Integritéit geet, mee och ëm den Erhalt vun demokratesche Strukturen.

Grad an enger Zäit, wou ëmmer méi Länner hiert d’Demokratieverständnis mat béide Féiss trëppelen, ass et néideg, déi Gesellschaften ze stäerken, déi sech fir en demokratesche Rechtsstaat asetzen.

Dat gehéiert och zu enger gestäerkter Sécherheetspolitik, well autoritär Staatsformen de Fräiheetsdrang an de Meenungspluralismus grad esou fäerten ewéi déi militäresch Oprëschtung  vum Géigner.

Grad do ass d’Politik mee och eis gesamt Zivilgesellschaft gefuerdert. A grad do sinn d’Verfeelungen am gréissten, wann ee vun enger neier friddlecher Weltuerdnung dreemt.

Sief et an eenzelne politesche Parteien, ONGen oder an eenzelne Medien: Et wimmelt vun ideologesche Scheiklappen, vun eesäitege Meenungen an Iwwerzeegungen, vu selektiven Indignatiounen.

Et geet manner dorëm, d’Welt ze verbesseren, obscho jiddereen dat gär behaapt, ewéi ze polariséieren, sech duerchzesetzen, säin Ego ze fleegen. Mee d‘Stäerkung vun der Demokratie berout net nëmmen op Sträit a Polemik. Dat gëtt haut séier vergiess.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

play_arrow Lauschteren