arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europaschoul bléift wéinst "besuergneserreegende" Graffitien haut zou

Educatioun

|
reading time

1 min

Europaschoul bléift wéinst "besuergneserreegende" Graffitien haut zou

De Stater Parquet gëtt an engem Communiqué Erklärungen iwwer d‘Police-Presenz bei der Europaschoul um Kierchbierg. D‘lescht Woch wiere besuergneserreegend Graffitien an den Toilette vun der Schoul entdeckt ginn, esou de Parquet.

reading time

1 min

© Ilona Lablaika / Bigstock
(Foto: Ilona Lablaika / Bigstock)

Déi kompetent Autoritéite wiren direkt ageschalt an eng Enquête opgemaach ginn. D‘Enquête gëtt vun der Police ënnert der Direktioun vum Parquet geleet. An deem Kontext hätt d‘Europaschoul preventiv decidéiert, haut zou ze bleiwen. En Acceuilsservice géif assuréiert ginn. D‘Police géif och verstäerkt op der Plaz bleiwen. An d‘Ermëttlunge lafe weider.

De Parquet erënnert drun, datt ee esou Messagen net ze vill Publicitéit sollt ginn, well dat genee dat wier, wat d‘Auteure vun de Message wéilten erreechen.