D’Salariatskammer huet 22.500 Leit wärend 10 Joer suivéiert a gekuckt, wéi hir Pai evoluéiert. No engem Joer waren nach ëmmer méi wéi d’Hallschent vun de Leit aus der Etüd am Mindestloun. No 5 Joer waren et nach ëmmer ronn ee Fënneftel.
No 10 Joer sinn et nach ëmmer 13 Prozent vun de Leit, deenen hir Pai net erop gaangen ass. Tëscht 5 an 10 Joer bleift déi Zuel deemno relativ stabel. Et geet also ervir: Entweder d’Leit verdéngen no 5 Joer méi wéi de Mindestloun, oder d’Warscheinlechkeet, datt si iergendwann méi bezuelt ginn, ass geréng.
Bei just 12 Prozent huet sech d'Pai verduebelt
Bei deene Leit, déi iergendwann méi wéi de Mindestloun verdéngen, ginn et Ënnerscheeder. Een Drëttel verdéngt maximal 120 Prozent vum onqualifizéierte Mindestloun, deemno eppes ëm déi 3.000 Euro maximal amplaz 2.500 Euro. Just fir 12 Prozent vun de Leit, déi de Mindestloun verdéngen, huet d’Pai sech bannent 10 Joer verduebelt, a läit domat ëm 5.000 Euro de Mount.
Wärend all deene Joren ass d’Zuel vu Leit, déi net méi zu Lëtzebuerg schaffen, geklomm. Bal d’Hallschent vun de Leit, déi de Mindestloun am Joer 2011 bezuelt kruten, ass net méi um Lëtzebuerger Marché present.
D’Salariatskammer stellt an hirer Etüd d’Fro, op déi Leit den Aarbechtsmarché verloossen, ebe grad well hinnen d’Perspektiv feelt, iergendwann méi ze verdéngen.