De Sébastien Lecornu huet vun nächster Woch u Berodungen ugekënnegt. Et soll gekuckt gi, wou ka gespuert ginn, virun allem wéi de Verwaltungsapparat méi schlank kéint gemaach ginn.
Hie wéilt Regierungsservicer zesummeleeën oder ganz ofschafen, an hie wéilt och fréiere Regierungsmemberen hir Privileegen, déi si meeschtens op Liewenszäit hunn, ofschafen.
Reforme wieren net nëmme fir déi aner, esou den neie franséische Premier.
Frankräich huet mat ronn 3,3 Billiounen Euro déi gréisste Scholden an der EU. Dat ass en Taux vun 114 Prozent.