arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sébastien Lecornu huet zwee Mësstrauensvotten iwwerstanen

Frankräich

|
headphones

1 min

Sébastien Lecornu huet zwee Mësstrauensvotten iwwerstanen

De franséische Premier Sébastien Lecornu huet déi zwee Mësstrauensvotten iwwerstanen. En éischte war vun der Partei La France Insoumise abruecht ginn, en zweete vum Rassemblement National. Kee vu béide Mësstrauensvotten hunn déi néideg Majoritéit am Parlament zu Paräis kritt.

headphones

1 min

De Sébastien Lecornu an der Assemblée Générale | © EPA/TERESA SUAREZ
De Sébastien Lecornu an der Assemblée Générale (Foto: EPA/TERESA SUAREZ)

Deemno dierft sech déi politesch Kris a Frankräich bis op Weideres emol berouegen. Elo stinn awer schwiereg Diskussiounen iwwert de Budget vum nächste Joer un, deen de Sébastien Lecornu virgëschter deposéiert hat, just éier den Delai dofir ofgelaf wier. 

Frankräich huet, mat 114 Prozent, den 3. héchste Scholdentaux an der EU, no Griicheland an Italien a muss deen an de Grëff kréien.

De Budgetsdefizit läit bei 5,8 Prozent de Lecornu hat a senger Regierungsdeklaratioun ugekënnegt, den Defizit d‘nächst Joer op 4,7 Prozent wëllen ze reduzéieren.

D‘Gewerkschaft CGT huet fir de 6. November scho Protester ugekënnegt.