Den éischte Sekretär vun der sozialistescher Partei Olivier Faure wäert de Lecornu fir eng Ofstëmmung iwwer déi ëmstridde Pensiounsreform vun 2023 froen. Déi gouf nämlech wéinst dem Artikel 49.3 vun der Verfassung ouni Ofstëmmung decidéiert.
D’Marine Le Pen sot um Freideg, datt d’Entscheedung vum Premier net op den Artikel 49.3 zeréckzegräifen, “demokratiebewosst” war an huet déi “zousätzlech Muecht” vun den Deputéiert begréisst. Si géif awer d’Ried vun nächster Woch ofwaarden, fir ze kucken “ob et e Broch gëtt oder net”. Fir de Rassemblement National kënnt entweder e Broch oder e Mësstrauensvott a Fro.
D’France insoumise huet weiderhi wëlles “soubal d’Regierung vum Sébastien Lecornu ernannt ass” e Mësstrauensvott anzereechen.
“De Sébastien Lecornu huet sech haut mat der extremer Droite vereenegt, fir säi makroekonomesche Budget ze kréien” sot den Deputéiert Bouches-du-Rhône. Hien huet iwwerdeems op en neits d’Gauche dozou opgeruff fir e Mësstrauensvott ze stëmmen.