arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fënnef Doudeger bei schroem Busaccident an der Schwäiz

Kanton Graubünden

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Fënnef Doudeger bei schroem Busaccident an der Schwäiz

Bei engem schwéiere Busaccident am Kanton Graubünden an der Schwäiz si gëschter Nomëtteg fënnef Mënschen ëm d’Liewe komm, 40 Persoune goufe blesséiert. Bis haut de Moie war déi genee Zuel vun den Affer net bekannt. U Bord war eng Reesgrupp aus Holland.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/CLAUDIO THOMA
(Foto: EPA/CLAUDIO THOMA)

D'Police wollt als éischt d’Famillje vun den Affer informéieren. Dofir huet et bësse gedauert, bis si nei Informatioune viru ginn hunn. D’Ermëttlungen zur Onglécksursaach lafen.

De Reesbus sollt eng Touristegrupp aus Holland, no engem Dagesausfluch an der Schwäiz zeréck, an Éisträich bréngen, wou si logéiert war. Kuerz viru 17:00 Auer nomëttes koum et dunn op der Streck tëschent Zernetz a Susch am Kanton Graubünden zu deem schwéieren Accident.

Wéi d’Police vu Graubünden de Moie matgedeelt huet, hu fënnef vun den am Ganze 45 erwuessene Passagéier u Bord den Accident net iwwerlieft. Déi aner 40 Mënschen u Bord goufe blesséiert, 3 dovunner schwéier, 7 mëttelschwéier an 30 méi liicht.

D’Identifizéierung vun den Doudesaffer géif nach ausstoen.

Bus ass en Hang erofgerutscht

Aktuellen Erkenntnisser no ass de Bus vun der Strooss ofkomm an huet d’Leitplank duerchbrach, ass ëmgefall an e klengen Hang erofgerutscht. Weider Gefierer waren net bedeelegt. Op deem Deel vun der Streck befënnt sech aktuell eng Baustell. D’Strooss ka just op enger Spuer befuer ginn.

D’Biergungsaarbechten hu bis an d’Nuecht era gedauert. D’Affer goufe vu 7 Rettungshelikopteren an 13 Ambulanzen a verschidde Spideeler bruecht. Fir d’Famillje vun deene Betraffene gouf eng Hotline ageriicht.

D’Ursaach vum Accident ass bis ewell onkloer. De Parquet vu Graubünden an d’Kantonspolizei sinn amgaang ze analyséieren, wéi et zu deem Accident konnt kommen.

De Schwäizer Bundespresident Guy Parmelin huet eng grëndlech Opklärung vum Virfall versprach an den Affer säi Matgefill ausgeschwat. 

 

play_arrow Lauschteren