arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schwéiert Äerdbiewen a Kolumbien: Virleefege Bilan vun den Doudesaffer klëmmt op 181

Südamerika

|
reading time

1 min

Schwéiert Äerdbiewen a Kolumbien: Virleefege Bilan vun den Doudesaffer klëmmt op 181

Nom schwéieren Äerdbiewen a Kolumbien huet de President Abelardo de la Espriella den nationalen Noutstand ausgeruff. Doduerch sollen all déi institutionell Capacitéite mobiliséiert ginn, fir adequat op d‘Kris ze reagéieren, huet de President erkläert.

reading time

1 min

Cali, Kolumbien | © EPA/ERNESTO GUZMAN JR
Cali, Kolumbien (Foto: EPA/ERNESTO GUZMAN JR)

De virleefege Bilan vum Äerdbiewen ass op 181 Doudeger geklommen. Iwwer 1.300 Mënsche goufe blesséiert. Eng 60 Gebaier sinn an de Koup gefall. E puer Länner hu Kolumbien Hëllef ugebueden.

Hëllef aus den USA an der EU

D‘USA hunn eng Hëllef vu 15,5 Milliounen Dollar annoncéiert. D‘EU wier prett, fir zousätzlech Hëllef bereet ze stellen, sot d‘EU Kommissiounspresident Ursula von der Leyen. D‘Äerdbiewen hat eng Stäerkt vu 7,4. Den Epizenter louch am Weste vum Land.

De President Abelardo de la Espriella ass eréischt zënter e Samschdeg offiziell am Amt. D'USA ënnerstëtzen den Trump-Sympathisant finanziell a politesch.