De konservative Premier Ulf Kristersson féiert aktuell eng Minoritéitsregierung, déi op d'Stëmme vun de Rietspopulisten ugewisen ass. Bei enger Victoire kéinten déi fir d'éischte Kéier Deel vun enger schweedescher Regierung ginn.
Am Walkampf stoungen ënner anerem d'Sujete Kriminalitéit, d'Migratioun an déi héich Liewenskäschten am Mëttelpunkt.