search

/ Schwammen am Stauséi verbueden

Presenz vu Bloalgen

|
reading time

1 min

Schwammen am Stauséi verbueden

Um Stauséi gouf d‘Schwamme bis op Weideres verbuede wéinst der Presenz vu Blo-Algen. Dat mellt d'Waasser-Verwaltung elo, nodeems d'Stauséi-Gemeng et schonn op Facebook annoncéiert hat. All déi sechs Plagen um Stauséi si betraff, mat Effet immediat. Et dierf een deemno den Ament néierens um Stauséi an d‘Waasser goen. All Kontakt mam Waasser soll evitéiert ginn.

reading time

1 min

Bloalgen | © picture alliance / blickwinkel/D. Maehrmann | D. Maehrmann
Cyanobakterienan engem See, Le Gouessant (Foto: picture alliance / blickwinkel/D. Maehrmann | D. Maehrmann)

Blo-Alge kënne bei Mënsche Symptomer ausléisen ewéi Kappwéi, Ausschlag an datt et engem schlecht gëtt.

Och Déier si betraff. Dofir soll een och Hënn an aner Hausdéieren net am Stauséi schwammen oder aus dem Séi drénke loossen.