Den zweete Weltkrich wäert wuel jidderengem als eng vun deene schlëmmsten Episode vun der Lëtzebuerger Geschicht am Kapp verankert sinn. Wat dobäi dacks vergiess gëtt, ass datt och d’Nokrichsjore schwéier fir déi Lëtzebuerger Populatioun war. Bei de Rekonstruktiounsaarbechten huet Lëtzebuerg sech deemools op d’Hëllef vun der Schwäiz verloosse kënnen. Den Historiker an Direkter vum Militärmusée Benoît Niederkorn erkläert wéi et dozou komm ass.
"Um Enn vum Krich, stoung d'Schwäiz ganz isoléiert do, hat sech jo am Fong hannert hire Linnen, oder entre réduits zréckgezunn, wéi een dat esou seet bei hinnen, an deementspriechend ass du gekuckt ginn op diplomatescher Ebenen, deenen anere sinistréierte Länner ze hëllefen. Si hunn deementspriechend vun hirem eegene Budget 150 Millioune Schwäizer Frang zesummegezunn."
Spendabel Schwäizer
Dobäi koum dunn och nach e lokalen Opruff un déi Schwäizer Bevëlkerung fir d'Rekonstruktioun fir 18 Länner ze spenden. Dobäi sinn dunn nach emol 50 Millioune Frang erauskomm. Fir déi Zäit, wou d’Schwäizer an Isolatioun gelieft hunn, e Riseneffort, wéi de Benoît Niederkorn erkläert.
D'Initiativ ass scho virum offizielle Krichsenn am Joer 1944 an d’Weeër geleet ginn. Lëtzebuerger déi am Exil an der Schwäiz gelieft hunn, hunn d'Hëllefe scho preparéiert wou d’Enn vum Krich ofgesinn ze war. Dobäi huet een sech och un d’Schwäizer Arbeiterhilfswerk gewant.
"D'Schwäizer Arbeiterhilfswerk, huet da souzesoe selwer déi Missioun opgeholl. Si hunn am Fong Annoncen an d'Zeitungen an d'Schwäiz gesat, datt se géife 50 Handwierker sichen, an dat eebe vum Daachdecker bis zum einfache Schräiner. Déi Trupp ass zesummegesat ginn. Déi hunn da mussen e Visum kréien an déi sinn am Fong Richtung Lëtzebuerg geschéckt ginn. Mee et war hinnen natierlech kloer vun Informatiounen, datt zu Lëtzebuerg dann natierlech net d'Situatioun do wier, fir dass de Handwierksmaterial do hues, dass de iwwerhaapt en Daach iwwert dem Kapp hues."
Dodrop waren d’Schwäizer awer och preparéiert. Si hunn Arméisbuden mat a Richtung Wooltz geschéckt, fir datt déi Handwierker do ënnerkomme kéinten.
E bësse Schwäizer Kultur fir déi Lëtzebuerger Kanner
D'Schwäizer hunn awer net nëmme beim Neiopbau gehollef, mee ënner Anerem och déi Lëtzebuerger Kanner an hire matbruechte Bude versuergt.
"Do konnte Lëtzebuerger hir Kanner an déi Kindertagesstätten do ginn, fir de ganzen Dag, datt déi sech selwer sollten drop konzentréieren, sief et an der Landwirtschaft unzesetzen, beziehungsweis hir Haiser opzebauen. An do do gouf et nach e puer Leit, déi mer deemools konnten interviewen, déi sech dann do erëmfonnt hunn als Kanner, wou se dann all Dag Käsespätzle, a sou Saache kruten an am Fong e bëssen an der Schwäizer Folklore gelieft hunn."
Net nëmmen d’Schwäizer, mee och d’Rout Kräiz huet gehollef. Well Mangelernärung e grousse Problem war, huet een Tonnen u Mëllechpolver geschéckt. Amfong war dee fir Puppelcher geduecht, vue datt d’Situatioun zu Lëtzebuerg an där Hisiicht net sou gravéierend war huet een d’Mëllech u Leit verdeelt déi aus de Konzentratiounslager zeréckkomm sinn.