arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schwaarz Schipisten: Ätna stéisst op Sizilien nees Äschen aus

Italien

|
headphones

1 min

Schwaarz Schipisten: Ätna stéisst op Sizilien nees Äschen aus

Op Sizilien ass de Vulkan Ätna nees erwächt. Aus dem Vulkan fléisst nees Lava an e stéisst e bëssen Äschen aus.

headphones

1 min

© bocciapasquale /pixabay
(Foto: bocciapasquale /pixabay)

D’Eruptiounswollek gëtt duerch een Nord-Ost-Wand fortgedriwwen. Aus deem Grond ass iwwer der Stad Taormina Äscheree gefall, grad ewéi op Piano Provenzana, wou Schipiste sinn.

Den Ätna ass dee gréissten aktive Vulkan an Europa.