arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schoultheatergrupp Namasté: Parquet "vill Raum fir Interpretatioun gelooss“

Lycée Hubert Clément

|
headphones

1 min

Schoultheatergrupp Namasté: Parquet "vill Raum fir Interpretatioun gelooss“

Den Dossier ass klasséiert, déi mënschlech Konsequenze bleiwen. Esou heescht et an engem Schreiwes vun Enseignanten aus dem Escher Lycée Hubert Clement, an der Affär ëm den Theatergrupp Namasté.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Taylan Gökalp
(Foto: picture alliance/dpa | Taylan Gökalp)

Am Bréif gëtt déi éischt Kommunikatioun vum Parquet kritiséiert. Déi hätt „vill Raum fir Interpretatioune gelooss“ – Medieberichter hätte verschidden Onkloerheete verstäerkt. Am Bréif gëtt och bedauert, datt et nom Klasséieren d‘lescht Woch weder zu enger Entschëllegung nach zu enger Rehabilitatioun koum. Déi zwee Proffen awer, déi fräi gestallt goufen, hunn an Tëschenzäit hir Aarbecht mat Namasté erëm opgeholl weider. Et wier net selbstverständlech sech an enger ausserschoulescher Aktivitéit ze engagéieren, heescht et am Bréif nach.

Aus der ganzer Affär wieren dës Conclusiounen ze zéien: Et géif manner Kaméidi a méi Prezisioun gebraucht ginn. Manner Uspillung, a méi Faiten. A virun allem gëtt méi Respekt a Protektioun fir Leit gefuerdert, déi sech fir Jonker engagéieren.