Sinn d'Horairen nach zäitgeméiss?
Eise Liewensrhythmus huet sech geännert, mee de Schoulhoraire ass d’selwecht bliwwen. Dat gesäit de Claude Meisch an, mécht dobäi awer op regional Ënnerscheeder opmierksam.
“Déi ländlech Regiounen, wou et vill Zentralschoule gëtt, wou dat sécherlech och muss mat consideréiert ginn, dann am stättesche Gebitt, éischter wou een an der Quartiersschoul ass, wou een zu Fouss kann dohinner an zu Fouss kann zeréckgoen.”
D'Vernetzung vun der Schoul par rapport zu zum Beispill der Maison relais oder de Fräizäitaktivitéite misst do mat consideréiert ginn. Fir de Claude Meisch läit déi Responsabilitéit bei de Gemengen.
“A kucken, wéi si se strukturéiert? Ass alles op enger Plaz? Musse si hin an hier fueren? Wëllen d'Elteren, dat d’Kanner an der Mëttesstonn heem kommen oder net? Ass dat iwwerhaapt méiglech? Ass dat net méiglech? An deementspriechend ass et schonn esou, datt d'Gemengen och do heiansdo ënnerschiddlech Léisunge fannen.”
Sollen d'Hausaufgaben ofgeschaaft ginn?
Fir den Educatiounsminister kann ee “vernënftegt Mooss” un Hausaufgaben, wa se gutt sinn, hëllefen eng Matière ze festegen. Esou léiere Schüler:innen och autonom schaffen.
“Wichteg ass awer och, datt de Schüler Zäit huet. Duerfir war et eis wichteg, datt mir och d'Maison relais mat eranhuelen an de Schüler, deen zum Beispill no der Schoul net direkt heem geet, datt deen awer och wierklech d'Garantie huet, datt hien an der Maison relais e rouegen Eck ka fannen, wou hie seng Hausaufgab ka maachen.”
Ee gewësse Volume dierft do awer net iwwerschratt ginn. D'Wochepläng fënnt de Claude Meisch dofir eng gutt Léisung. Do kënne Kanner eegestänneg decidéieren, wéini si wat maachen an d'Hausaufgaben an d'Privatliewe besser opdeelen.
Soll een Englesch éischter léieren?
An der spezifescher Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg wier et schwiereg, een eenheetleche Modell ze fannen, dee jiddereen zefridde stellt. Dofir géifen ënnerschiddlech Schoulmodeller ugebuede ginn.
“Mir hunn och haut an eisen internationalen ëffentleche Schoulen och Primärschoulen, wou Englesch als Éischtsprooch enseignéiert gëtt, wou och op Englesch enseignéiert gëtt, wou een awer och kann Englesch direkt als zweet Sprooch wielen an net muss bis an de Lycée waarden.”
An de Reegelgrondschoulen wier dat net offréiert. Do gëtt elo virun allem op déi nei Flexibilitéit tëschent Däitsch a Franséisch gesat.
“Mir mussen och kucken, datt mir eis Schoulen net ze vill iwwerfrachte mat Reformen an datt d'Schoulen, d'Schüler, d'Enseignanten och alleguerte matkommen.”
All Woch stellt d’100,7-Redaktioun sengen Nolauschterinnen an Nolauschterer eng Fro zu engem aktuelle gesellschaftlechen Theema. Dir kënnt äntweren, andeems Dir eis eng Sproochnoriicht iwwer eis App oder op d'WhatsApp-Nummer 621 44 00 44 eraschéckt. Mir gräifen Är Gedanken op an diskutéiere se Enn der Woch zesummen.