Obschonns et eng ganz positiv Entwécklung wier, géif si bedaueren, datt en eenheetlecht nationaalt Konzept feelt, esou d’Vera Dockendorf vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL bei enger Pressekonferenz am Virfeld vun der Schoulrentrée.
Si kritiséiert och, datt eng Stonn vun engem Sproochefach soll ewechfalen an duerch eng Stonn Sport ersat soll ginn. Dëst géif dozou féieren, datt d’Lieskompetenz vun de Schüler:innen am Secondaire manner gefërdert gëtt, obschonns Lëtzebuerg hei am internationale Vergläich Defiziter géif opweisen.
Wann een de Sport wéilt fërderen, sollt dat net zur Laascht vun de Sprooche goen, ma et misst een an d’Sportinfrastrukturen investéieren, esou nach d’Vera Dockendorf.
Umierkung vun der Redaktioun: Vun Péngschten u muss eng physesch Distanz tëschent Handy a Schüler:in am Cours garantéiert sinn. Iwwer déi genee Ëmsetzung a weider méi restriktiv Mesurë kënnen d’Lycéeë selwer decidéieren. Et ginn 3 verschidden Niveauen: Vun enger physescher Distanz tëschent Handy a Schüler:in am Cours bis zu engem ganzdaags Handyverbuet an der Enceinte vum Lycée.