arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schnellprozedur fir ukrainesche Skeleton-Fuerer dee wéinst Helm disqualifizéiert gouf

Olympesch Wanterspiller

|
headphones

1 min

Schnellprozedur fir ukrainesche Skeleton-Fuerer dee wéinst Helm disqualifizéiert gouf

Am enger Schnellprozedur, déi momentan leeft, wëllt den disqualifizéierten ukraineschen Skelethon-Athlet Wladislaw Heraskewytch erreechen, datt hien awer daerf un de Start.

headphones

1 min

© EPA/ANDREA SOLERO
(Foto: EPA/ANDREA SOLERO)

D‘Prozedur soll virum CAS verhandelt ginn. Um Freideg de Moie war et d‘Schnellprozedur an engem Hotel. De 27 Joer alen Athlet war disqualifizéiert ginn, well hien en Helm unhat, op dem d‘Porträte vun ukraineschen Athlete waren, déi am Krich géint Russland gestuerwe sinn.

Dat wier laut dem Reglement vum internationalen Olympesche Comité net zoulässeg. De Sportler sot no der Entscheedung, dat wier de Präis fir déi ukrainesch Dignitéit.

Wolodymyr Zelensky iwwerreecht national Auszeechnung u Sportler

Den ukrainesche President Wolodymyr Zelensky huet dem Skeleton-Pilot Wladyslaw Heraskewytsch eng national Auszeechnung fir d‘Fräiheet iwwerreecht. Domat wollt hien dem Athlet säi Versuch wierdegen, bei den olympesche Wanterspiller mat engem Helm unzetrieden, op deem d'Fotoe vun ukrainesche Sportler waren déi bei russeschen Attacken ëmd‘Liewe koumen.