Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Tom Misch & Poppy Ajudha - Disco Yes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schlussplädoyeren am Prozess Pélicot fänken un

Frankräich

Schlussplädoyeren am Prozess Pélicot fänken un

Et wier ee Prozess vun der Feigheet, sot d'Gisèle Pélicot gëschter um Dënschdeg viru Geriicht mat Bléck op déi 51 ugeklote Männer. 11 Woche laang hu bal all vun hinne viru Geriicht all Schold vu sech gewisen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Rachel Boßmeyer play_arrow
D'Gisèle Pélicot betrëtt de Geriichtssall. (Foto: picture alliance/dpa | Rachel Boßmeyer)

Et hätt keng Intentioun bestanen d'Gisèle Pélicot ze vergewaltegen. Si hätte vun näischt gewosst oder wiere selwer vum Dominique Pélicot drogéiert oder manipuléiert ginn, esou wäit de Grondtenor vun den Ugekloten.

Motiv: Puer Fantasie

D'Gisèle Pélicot huet sech gëschter um Dënschdeg u si adresséiert a gefrot, firwat kee vun hinnen eppes ënnerholl hat, wéi si den Zoustand vun der Fra gesinn hätten. Vergewaltegung wier Vergewaltegung, an dofir misste si bestrooft ginn, esou d'Affer.

Den Dominique Pélicot selwer huet sech gëschter och nach eemol viru Geriicht presentéiert a sot, säi Motiv fir dës schrecklech Dote wier e pueren Egoismus gewiescht. Seng Fantasie wier et gewiescht, seng Fra sech him ze ënnerwerfen, esou den Haaptugekloten.

Urteel eréischt Enn Dezember

Niewent der Gisèle Pélicot ginn et och nach aner Verdachtsfäll, ënner anerem d'Duechter vun der Koppel, déi e Méindeg viru Geriicht sot, am Géigesaz zu hirer Mamm géing et bei hir keng kloer Beweiser dofir ginn, datt hire Papp si sexuell mëssbraucht an drogéiert hätt. Den Ugekloten huet dëse Virworf awer gëschter vu sech gewisen.

No 11 Wochen Aussoen, déi iwwer déi franséisch Landesgrenzen ewech fir Schock gesuergt hunn, fänken haut um Mëttwoch d'Schlussplädoyeren un. Fir d'éischt d'Partie civile, d'nächst Woch dann de Parquet, éier et duerno bal dräi Wochen dauere wäert, bis d'Verdeedegung vun den Ugeklote mat hire Plädoyeren duerch ass.

Een Urteel gëtt fir den 20. Dezember erwaart.

Lauschterenplay_arrow