Op Videoopname héiert ee Geräischer vu Schëss, den Donald Trump faasst sech un d‘Ouer a béckt sech. D‘Sécherheetspersonal rennt op d‘Bün a schiermt en of. Duerno verléisst hien, gestëtzt vum Secret-Service, d‘Bün, mat Blutt um Ouer. Dobäi streckt hien d‘Fauscht an d‘Luucht a rifft „Fight“ – Kämpft.
Den Täter hat vu baussent dem Sécherheetsperimeter op den Ex-President geschoss. Den Täter gouf erschoss. Dem FBI no soll et sech ëm en 20 Joer ale Mann aus der Regioun gehandelt hunn. Iwwert säi Motiv gëtt et bis ewell nach keng Informatiounen.
De Virfall koum manner wéi 48 Stonne virum Parteidag vun de Republikaner, wou den Donald Trump offiziell als Presidentschaftskandidat soll nominéiert ginn. D‘Partei huet an Tëscht matgedeelt, datt un deem Rendez-vous zu Milwaukee am Wisconsin festgehale wäert ginn.
Säi Géigner an aktuelle President Joe Biden huet no der Attack mam Donald Trump telefonéiert, huet d‘Wäisst Haus gemellt, ouni weider Detailer ze nennen. An engem Statement huet de Biden déi Aart vu Gewalt an Amerika veruerteelt, hie wier dankbar, datt et dem Donald Trump gutt géif goen.
Staatscheffen, dorënner och Luc Frieden, weise sech solidaresch
Och aus der ganzer Welt melle Staatscheffen sech elo nom Virfall zu Wuert a weise sech solidaresch mam Donald Trump, ënnert anerem aus Frankräich, Italien, Kanada, Israel, Japan an Indien. D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet sech zudéifst geschockt gewisen, politesch Gewalt hätt keng Plaz an enger Demokratie.
E Message deen och d‘Uno-Generalsekretariat erausgeschéckt huet. Den argentinesche President Javier Milei huet iwwerdeems déi international Lénks Beweegung an hir "schiedlech Ideologien" fir de Mordversuch responsabel gemaach.
An och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet op X d‘Attack verurteelt. Seng Gedanke wiere beim fréieren US-President an all den Affer.
Russland notzt d'Attack fir Kritik auszeüben
Aus Russland gouf et bis ewell kee Bäileedsmessage fir den Trump. Moskau huet dogéint d‘Attack genotzt, fir de politesche System zu Washington op en Neits ze kritiséieren. D‘USA sollten hir Sue besser dofir ausginn, fir am eegene Land fir Uerdnung ze suergen, wéi massenhaft an onkontrolléiert Waffen an d‘Ukrain ze liwweren, sot d‘Spriecherin vum russeschen Ausseministère.
D‘Maria Sacharowa huet an deem Kontext och kritiséiert, datt mat US-Finanzéierung vun der Ukrain och Attentater op de Kremlchef Wladimir Putin géife preparéiert ginn. Do virdrun hat de Chef vum ukrainesche Militärgeheimdéngscht vun esou Pläng bericht.