Radioen

On air

Kultur um 5  |  Cannes - d'Ouverture

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schaffen zu Lëtzebuerg: Eng nei Etüd beschäftegt sech mam Wee op d'Aarbecht

Frontalieren a Residenten

Schaffen zu Lëtzebuerg: Eng nei Etüd beschäftegt sech mam Wee op d'Aarbecht

Am Duerchschnëtt fuere Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, eng 30 Kilometer fir op d’Aarbecht ze kommen. Dat huet den ODT, den Observatoire du Développement territorial, unhand vun Zuelen aus dem Joer 2023 erausfonnt. Lëtzebuerger Residenten hunn et der Etüd no mat duerchschnëttleche 16 Kilometer, dräi Mol manner wäit fir schaffen ze goen, ewéi Frontalieren. Fir Awunner aus der Belsch zum Beispill ass een an der Moyenne bei bal 54 Kilometer, an dat nëmmen an eng Richtung.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Autoen am Stau | © Bigstock / weyo play_arrow
(Foto: Bigstock / weyo)

Et wéisst een dem Fuerscher vum LISER Antoine Decoville no scho relativ gutt, wéi den Aarbechtswee fir lëtzebuergesch Residenten ass.

Ronn 250.000 Leit schaffen an der Stad

Fir de Chercheur wier et awer och wichteg vun den iwwer 230.000 Grenzgänger:innen ze schwätzen, vue datt si eng grouss Partie vun der lëtzebuergescher Aarbechtskraaft ausmaachen.

“Dans les données que nous avons mobilisées ici, nous connaissons en fait le territoire de résidence des frontaliers parce que nous utilisons des fichiers administratifs produits par une collaboration entre l'administration des contributions directes, le Statec et le Dater. Donc ce sont des données qui, à la base, n'ont pas été conçues pour produire de la statistique, mais qu'on a travaillé, qu'on a un peu nettoyé, qu'on a utilisé pour les faire parler et nous révéler donc les lieux de résidence des travailleurs frontaliers."

Wéi ze erwaarden ass d’Haaptstad an déi Gemengen, déi dorun ugrenzen, déi Regioun am Land, an där déi meeschte Leit schaffen, an zwar eng 250.000. An der Stad selwer schaffe ronn 172.000 Leit,. Dovunner wunnt ee Fënneftel och an der Haaptstad.

Eng vergläichsweis ongewéinlech Situatioun

Wann een awer d’Verhältnis tëschent der Zuel vun den Awunner:innen an den Aarbechtsplaze kuckt, hätt een am sougenannten Agglozentrum ronderëm d’Haaptstad eng vergläichsweis ongewéinlech Situatioun, seet den Antoine Decoville. D’Verhältnis läit nämlech bei 1,22 Aarbechtsplaze pro Awunner:in.

"On a vraiment un nombre d'emplois qui est extraordinairement élevé par rapport au nombre d'habitants et 42,10 pourcents de ces 251.680 emplois localisés dans l'agglocentre étaient pourvus par des travailleurs frontaliers."

Am Verglach zu aneren europäesche Stied hätten déi aner Regiounen zu Lëtzebuerg e méi reegelméissegt Verhältnis vun Awunner:innen an Aarbechtsplazen. Do läit een nämlech méi no um Duerchschnëtt vun 0,5 Emploie pro Awunner:in.

Teletravail, Coworking space a Co.

Mat hiren Erkenntnisser hu sech fir d’Fuerscher:inne virun allem zwou Froe gestallt. Déi éischt ass, wéi den Trajet op d’Aarbecht sech op d’Liewensqualitéit vun de Beschäftegten auswierkt. Weider misst een a Fro stellen, wéi een d'Zil fir d’CO2-Emissioune rofzesetze wëllt erreechen, wann esou vill Leit musse wäit fuere fir schaffen ze goen.

De Frédéric Durand, Fuerscher beim LISER, huet an deem Sënn eng Rei Piste virgestallt, déi d’Situatioun verbessere kéinten.

“L'idée de réduire le besoin de se déplacer, a-t-on besoin maintenant au XXIe siècle de se déplacer tous les jours à notre travail? Donc ça pose la question du télétravail, ça pose la question des espaces de coworking pour réduire peut-être les distances entre le domicile et le travail. On peut élargir aussi avec l'idée de bureaux satellites, par exemple, que certaines entreprises ont déjà mis en place notamment le long des frontières.”

Eng weider Propos wier, beim Plange vun neie Quartieren drun ze denken, och kommerziell Infrastrukturen ze integréieren, an net nëmme Wunnengen. Esou kéint ee fërderen, datt Leit an där Gemeng schaffen, an där si wunnen.

Lauschterenplay_arrow