Radioen

On air

Tockcity  |  The Slow Readers Club - Technofear

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schafe vun neie Gesondheetsberuffer: Gewerkschafte fäerte Sozialdumping

Gesondheet

Schafe vun neie Gesondheetsberuffer: Gewerkschafte fäerte Sozialdumping

Den OGBL an den LCGB maache sech gemeinsam staark géint d‘Schafe vun neie Gesondheets-Beruffer. D‘COPAS, den Daachverband vun de Prestatairen aus dem Fleegesecteur, hat sech rezent fir eng nei Beruffsgrupp tëscht dem Aide-Soignant an dem Infirmier staark gemaach.

auto_stories

1 min

Dat fir der Penurie am Secteur entgéint ze wierken. D‘Regierung an d‘Ecole Nationale de Soins et Assistance géifen dës Demarche och schéngen z‘ënnerstëtzen, esou d‘Gewerkschaften. D‘Personal um Terrain wier net ëm seng Meenung gefrot ginn. De Gewerkschaften no misst d‘Revalorisatioun vum Aide-soignant Prioritéit hunn.

Et wier iwwerdeems schwéier, fir bei der neier geplangter Beruffsgrupp net ee Versuch vu sozial-dumping ze vermudden, esou nach den OGBL an den LCGB. Dat well en e groussen Deel vun de Responsabilitéiten a Funktioune vum Infirmier soll iwwerhuelen – bei méi klengem salaire.