arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schaarf international Kritik no der israeelescher Loftattack am Katar

Noen Osten

|
headphones

1 min

Schaarf international Kritik no der israeelescher Loftattack am Katar

Déi israeelesch Loftattack gëschter um Dënschdeg op d'Spëtzt vun der Hamas am Katar wier en eklatante Verstouss géint dat internationaalt Recht: De Katar géif sech am Recht op eng Reaktioun gesinn, sot de kataresche Premier Al Thani.

headphones

1 min

De kataresche Premierminister Tamim bin Hamad Al Thani. | © EPA/MOHAMED HOSSAM
De kataresche Premierminister Tamim bin Hamad Al Thani. (Foto: EPA/MOHAMED HOSSAM)

Den Al Thani huet gläichzäiteg ugekënnegt, datt de Katar weiderhin tëschent Israel an der Hamas fir e Waffestëllstand an der Gazasträif wéilt vermëttelen.

Der Hamas no koume bei der Attack op e Gebai zu Doha sechs Mënschen ëm d'Liewen. Dorënner fënnef Membere vun der Hamas. Et wier awer kee Member vun hirem Verhandlungsteam ëm d'Liewe komm an d'Hamas huet déi israeelesch Attack als gescheitert erkläert.

USA hätte Katar net méi warne kënnen

D'Attack gouf ënner anerem och vun der UNO an der EU verurteelt. Och den US-amerikanesche President Donald Trump huet d'Attack kritiséiert. D'USA wieren zwar vun Israel am Viraus iwwer d'Attack informéiert ginn, mee dat wier esou spéit geschitt, datt Washington de Katar net méi zur Zäit hätt kënne warnen, esou den Donald Trump.

Den UNO-Sécherheetsrot soll haut fir eng Drénglechkeetssëtzung zesummekommen.