Radioen

On air

Moiesstudio  |  Rapport Observatoire de l'Habitat

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Santorini: Insel wéinst Äerdbiewen an Ausnamezoustand

Griicheland

Santorini: Insel wéinst Äerdbiewen an Ausnamezoustand

D'Äerdbiewen nordëstlech vun der griichescher Insel Santorini halen net op. Et bereet ee sech op e gréissert Äerdbiewe vir, dat nach komme kéint. Mee och déi vill kleng déi a leschter Zäit virkomm sinn, bréngen d’Insel an en Ausnamezoustand.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Leit klamme vun enger Fär, déi vu Santorini op Athen gefuer ass | © picture alliance/dpa | Socrates Baltagiannis play_arrow
Leit klamme vun enger Fär, déi vu Santorini op Athen gefuer ass (Foto: picture alliance/dpa | Socrates Baltagiannis)

D’Äerdbiewen nordëstlech vun der griichescher Insel Santorini halen net op. Et bereet ee sech op e gréissert Äerdbiewe vir, dat nach komme kéint. Mee och déi vill kleng déi a leschter Zäit virkomm sinn, bréngen d’Insel an en Ausnamezoustand.

550 mëttelschwéier Biewe vun 3-4,9 op der Richterskala huet d’Atheener Institut fir Geodynamik scho registréiert. Och wann déi nach net wierklech vill Schued ugeriicht hunn an et guer net ongewéinlech ass, datt d’Äerd zu Santorini bieft sinn Awunner:innen an Touristen awer alarméiert. Vill Haiser stinn nämlech um Bord vu géien Häng a kéinte wéinst der grousser Unzuel un Äerdbiewen an de leschten Deeg ofrutschen.

Experte kënne keng sécher Prognose stellen

Vill Awunner:inne verloossen d’Insel fir sech a Sécherheet ze bréngen. D’Demande fir Flug- a Färticketen ass riseg. Méi wei en Drëttel vun de 16.000 Awunner:inne soll Santorini antëscht scho verlooss hunn. D’Schoule sinn zougemaach ginn a fir d’Leit op d’Festland ze kréien, goufen extra Flich ageriicht.

Seismologe si besuergt driwwer, datt et nach net wierklech dat eent Haaptbiewe gouf. D’Auswierkunge sinn nach net ofzegesinn. Et gëtt awer gefaart, datt méiglecherweis den Ënnerwaasservulkan Kolumbos nordëstlech vun der Insel kéint aktivéiert ginn. Dat sech déi seismesch Energie, déi sech gestaut huet, iwwer weider méi schwaach Biewen entluet wier och nach eng Méiglechkeet. Experte soen, si kéinte keng sécher Prognos ofginn.

Nach keng Reeswarnung vum lëtzebuerger Ausseministère

Wat Vakanz op der griichescher Insel ugeet hunn déi franséisch an däitsch Autoritéite mëttlerweil Avisen erausginn. Et sollt ee virsiichteg sinn, wann een op der Insel ass a beispillsweis grouss Opkomme bannent vu Gebaier evitéieren. Et sollt ee sech ausserdeem iwwer Hiweiser vun de griicheschen Autoritéiten informéieren. Vum Lëtzebuerger Ausseministère gouf bis elo nach keng Reeswarnung ausgeschwat.

Dat lescht gréissert Äerdbiewe gouf et 1956 zu Santorini mat enger Stäerkt vu 7,7 op der Richterskala. Dobäi war et zu engem Tsunami komm an eng Dose Leit hunn hirt Liewe verluer.

Lauschterenplay_arrow